Dëse Weekend wier de UMF zu Miami gewiescht. No leschtem Joer huet de Festival dëst Joer awer leider fir eng zweete Kéier missten ofgesot ginn.

Nieft dem Tomorrowland ass den Ultra Music Festival sécherlech ee vun deene ganz grousse Rendez-vousen am Kalenner vu villen Elektro-Fans. Visiteur:innen aus iwwer 70 Länner kommen all Joers op Miami fir op d'Beats vun deene ganz groussen Nimm aus der Zeen ze danzen an ze feieren.

Dobäi kënnt, datt de UMF schonn d'lescht Joer an de Bayfront Park, also seng ursprénglech Plaz, hätt sollten zeréckkommen. E Site, deen dem Festival ëmmer e ganz besonnesche Charme ginn huet an eng Nouvelle déi alleguer d'Fans weltwäit gefreet hat. Aus bekannte Grënn gouf den Elektro-Festival dann elo op d'nächst Joer verluecht, méi genee op de 25. bis de 27. Mäerz 2022.

Trotzdeem konnt dir lescht Woch doheem a Festival-Stëmmung kommen! Leschten Donneschden Owend hunn den DJ Se7en an de Chris iech nämlech eng Stonn laang déi beschte Festival-Vibes, ganz am Stil vum UMF.

Lauschtert hei dem DJ Se7en säi ganzt Set nach eng Kéier a voller Längt!

Festival-Vibes by DJ De7en