Wéinst där aktueller Situatioun huet d'Konzept vum Student fir 1 Dag missen ugepasst ginn. Dofir proposéiert d'ACEL am Abrëll eng Luxembourg Edition!

De 6. an de 7. Abrëll hutt dir deemno d'Méiglechkeet déi Student:innen, déi iech normalerweis an hirer Stad empfaangen hätten, um Belval an de Säll vun der Uni Lëtzebuerg kennenzeléieren. D'Cerclen aus de jeeweilege Stied stellen hir Studentestad vir, sinn oppe fir Gespréicher, äntweren op är Froen an hëllefen iech esou eng Entscheedung fir är Zukunft ze treffen!

Dënschdes sinn am Ganzen 12 Stied aus Däitschland vertrueden a mëttwochs kënnt dir verschidde Stied aus Frankräich, der Belsch, Holland, der Schwäiz an Éisträich kenneléieren.

Hei en Iwwerbléck vun alleguer de Stied déi matmaachen:

Fir d'Offer vun der Luxembourg Edition ze erweideren proposéieren d'ACEL an d'Cedies eng zousätzlech Presentatioun un där een am Virfeld deelhuele muss. Duerno kënnt dir dann d'Cerclen aus deene verschiddene Stied treffen! Fir datt déi sanitär Mesuren zu all Moment kënne respektéiert ginn, musst dir iech am Viraus um Site vun der ACEL fir de Student fir 1 Dag umellen. D'Inscriptioune lafe bis den 1. Abrëll 2021 um 23:59 Auer.

Du wëlls gäre studéiere goen, mee weess awer nach net wat dech op der Uni erwaart?
Du weess net wou's du wëlls studéiere goen a wéi eng Uni déi Richteg fir dech ass?

Da sief och du Student fir 1 Dag bei der Luxembourg Edition 2021!

En Donneschden Owend war d'Polina vun der ACEL beim Chris am Event Navigator op Besuch!

RTL

D'Polina Bashlay vun der ACEL / © Eldoradio

Lauschtert hei de ganzen Interview nach eng Kéier am Replay:

Interview 1:
Interview 2: