Op Grond vun där aktueller Situatioun huet d'Nouspelter Emaischen fir eng zweete Kéier missten annuléiert ginn...

Och wann d'Nouspelter Emaischen net op déi traditionell Aart a Weis stattfanne kann, besteet dëst Joer erëm d'Chance an hirem Péck-Away (eng Zort Drive-In) Péckvillercher an Iessen a Gedrénks matzehuelen. En Donneschden Owend waren den Nicolas an d'Anne aus dem Organisatiounscomité beim Chris am Event Navigator op Besuch.

Déi Zwee hu sech gefreet, datt d'Demande no Péckvillercher och dëst Joer erëm grouss war. Schonn eng hallef Stonn nodeems hire Shop online war, war quasi schonn alles fort. Och den Nouspelter Dëschtennis hat bei de Virbestellunge vum Iessen a Gedrénks grousse Succès!

Immens frou ass een da bei der Emaischen, datt de Programm dee fir d'Editioun vun dësem Joer geplangt war, integral fir d'nächst Joer iwwerhuele kann. Hei gëlt et sech schonns de Weekend vum 16. bis den 18. Abrëll 2021 am Kalenner ze markéieren. Bis dohinner wënscht de Veräin vun der Nouspelter Emaischen eng gutt Gesondheet a schéin Ouschteren.

RTL

Den Nicolas an d'Anne vun der Organisatioun / © Eldoradio

Replay vun den Interviews:

Interview 1:
Interview 2:

Video-Replay vun den Interviews:

Fotoen aus der Sendung: