Dëse Weekend feiert d'FABRIK zu Miersch d'Ouverture vun den Terrasse mat hirem Hütten Fréijoersfest!

Och wa mir keng Après-Ski-Saison haten a Malle nach an de Stäre steet, loossen d'FABRIK an den DJ AL iech net am Stach! Den 1. an den 2. Mee kënnt dir op hirer Terrasse ganz gemittlech zesummen an de Mee eraschunkelen a -sangen. Vu Lorenz Büffel bis Isi Glück, vum Wellerman bis Paradise a vu Schlager bis Rock kritt dir alles op d'Ouere fir gutt gelaunt an d'Fréijoer ze starten!

Natierlech ginn et nëmmen Dëscher fir 2 Persounen, d'Mask ass obligatoresch bis ee sëtzt an och soss ginn déi aktuell sanitär Mesuren op der Terrasse vun der FABRIK strikt agehalen.

Reservéiert elo ären Dësch iwwer Telefon: +35227403333
(Entweder vun 11:45 bis 15:00 Auer oder vu 15:00 bis 18:00 Auer. Wann ären Entzuch extrem ass, ginn och vereenzelt Reservéierunge fir de ganze Mëtteg ugeholl - sur demande a jee no Disponibilitéit.)

RTL

Den DJ AL an de Kevin Linster / © Eldoradio

Replay vum Interview:

Interview :

Fotoen aus der Sendung: