Den DJ Dama an den Double-J haten eis de Projet CUBAMITE vu Köln presentéiert!

CUBAMITE ass e Kölner Projet, fir deen déi zwee lëtzebuerger DJs Dama an Double-J invitéiert goufen. Eng Stonn laang spille si Musek an entféieren d'Spectateuren an eng elektronesch Welt.

Et erwaart iech eng speziell Büne-Show mat iwwer 80 Movingheads, Blinder an nach Villem méi. Esou huet een nieft der Musek och de visuellen Aspekt fir d'Stëmmung beschtméiglechst ze genéissen!

Den Highlight: D'Cuben op der Bün, duerch déi CUBAMITE dann och den Numm krut.

Dat Ganzt kënnt dir dëse Samschden Owend vun 20:00 Auer u Live op Twitch verfollegen!  Weider Detailer iwwert de CUBAMITE goufen et am Event Navigator!

RTL

Den DJ Double J an den DJ Dama / © Eldoradio

Replay vun den Interviews:

Lauschtert hei den éischten Deel:
Lauschtert hei den zweeten Deel:

Video-Replay vun den Interviews:

Fotoen aus der Sendung: