Den Almighty A war op Besuch am DJ Corner!

De Lëtzebuerger Alex Magar ass 23 Joer al an ënnert dem DJ- a Produzenten-Numm Almighty A am Nuetsliewen ënnerwee. Hien huet ënnert anerem reegelméisseg an der Stad am Melusina opgeluecht, huet seng fest Plaz op der Tunneldisco zu Bech a stoung och schonn um e-Lake Festival zu Iechternach op der Bün. Donieft huet hie schonn an diversen anere Clubs a Baren am In- an Ausland opgeluecht.

Wéi ganz vill vu senge Kolleegen huet de Museker wärend der Pandemie ugefaangen ze streamen. Hei leet hien net nëmmen op, mee deelt och Produktiouns-Sessions mat sengem Public.

Wat d'Museks-Richtung ugeet ass den Almighty A relativ oppen. Hie produzéiert gären R'n'B, Hip-Hop a Rap, geet awer och eriwwer bei elektroneschen Tech-House a Bigroom. "Make It Work" a "Mind and Soul" beschreift de Lëtzebuerger als seng wichtegst Tracks, déi och op Spotify ze fanne sinn. Ënnert dem Numm AMFA huet hie viru kuerzem zesumme mam Freezy och säin eegene Remix vun "Till The Sun Goes Down" (VDG x Dasic x Bianca Cerminara) erausbruecht.

RTL

Den Almighty A am DJ Corner / © Eldoradio

Replay vum Interview:

Lauschter hei!

Replay vum Live-Set:

Lauschtert hei dem Almighty A säi Set am Replay!

Video-Replay vum Interview:

Fotoen aus der Sendung: