Och wann ënnert enger anerer Form, fënnt dëst Joer erëm d'Nuit du Sport a verschiddene Gemengen uechtert d'Land statt!

All Joers gëtt d'Nuit du Sport vu Gemengen, Veräiner a Verbänn organiséiert a fënnt op Initiativ vum Service national de la jeunesse a vum Sportsministère am Kader vum nationalen Handlungsplang "Gesond iessen, méi beweegen" statt. Am ganze sinn dëse Samschden de 5. Juni 2021 19 Gemengen a Standuerter dobäi!

RTL

© Screenshot nuitdusport.lu

D'Nuit du Sport riicht sech un all Sportinteressenten a Sportbegeeschterten, egal ob Erwuessener oder Kanner. Weder den Alter nach d'Hierkonft spillt beim Event eng Roll. Déi eenzeg Viraussetzunge sinn d'Freed un der Beweegung an d'Loscht nei Sportaarten entdecken ze wëllen.

D'Aktivitéiten déi wärend der Nuit du Sport ugebuede ginn, goufe sur Place vu Jugendhaiser, Sportsveräiner a kommunalen Déngschtleeschter organiséiert. Dobäi handelt et sech ganz dacks ëm nei, manner bekannten an aussergewéinlech Sportaarten, déi speziell un dëst Event ugepasst goufen!

RTL

D' Lisi vun der Nuit du Sport / © Eldoradio

Replays vun den Interviews:

Lauschter hei den éischten Deel!
Lauschter hei den zweeten Deel!

Fotoen aus der Sendung: