
Vum Méinden 4. bis Samschdeg 9. Oktober dréint sech zu Diddeleng alles ronderëm d'Thema Fashion!
Den Optakt mécht dëse Samschdeg déi grouss Fashion Show am Hall Fondouq.
Fashion Show
Dëse Samschden, den 2. Oktober 2021 ass am Hall Fondouq zu Diddeleng d'Fashion Show 2021.
Lass geet et um 19 Auer.
Um Programm, dee vum Nathalie Reuter presentéiert gëtt, sti Welcome Drinks, d'Presentatioun vum Programm vun der Fashion Week, duerno d'Fashion Show mat folgenden Designer:
- Human Highness
- Awa Kermel
- La Gräfin
- July of St Barth
- Lara D'Ormane
- Iconic Jungle
- Dali Oleschko Couture
Fir den Owend perfekt ofzeschléissen, gëtt et eng After-Party mat Live DJ!
oder
spillt elo hei mat a gewannt eng Koppel VIP Tickete mat Iess- a Gedrénksbongen.
Fashion Week
Vum Méinden 4. bis Samschdeg 9. Oktober: Top Konditiounen, Eventer an Animatiounen ëm d’Moud am Stadzentrum, organiséiert vun der Stad Diddeleng a vum Geschäftsverband (FCAD).
Weider Informatioune fannt dir um offizielle Site vun der Luxembourg Fashion Week oder op Facebook.

D' Fabiola Puga an den Daniel Kasindi vun der Organisatioun / © Eldoradio
Replay vum Live-Set:
Fotoen aus der Sendung: