Dësen Donneschden heescht et nees Local DJ Corner!

De Luca Difino huet zimmlech fréi seng Léift fir déi elektronesch Musek entdeckt.

2018 huet hie sech dunn entscheet fir säin éischte DJ-Kontroller ze kafen an domat effektiv wuertwiertlech am Keller ronderëm ze spillen. Ufanks huet hien dat Ganzt kleng gehalen a just op klenge Partyen oder Gebuertsdeeg fir d’Famill a Kolleegen opgeluecht. No enger Zäit wollt hie seng Passioun awer och mat anere Leit deelen an huet ugefaangen op Twitch Musek ze maachen. Doduerch krut hie virun e puer Méint dann och säin éischten Optrëtt op der Prom vum LGE.

Des weideren konnt hien als Warm-Up-DJ fir Sound Rush weider Erfarunge sammelen. Mëttlerweil ass de Luca beim DJ Se7en senger Event-Firma Madness gesigned.

Virun 3 Wochen hat hien als Difino säin éischten offiziellen Optrëtt op der Madness-Poolparty «Calypso».

Lauschtert eran dësen Donneschden ab 19h00, wann den Difino beim Wulli & Se7en am Studio ass fir ze mixen...

#DJCorner
#SupportYourLocals
#EventNavigator

Replay vum Interview:

Lauschtert hei de Reportage!

Replay vum Live-Set:

Video-Replay vum Interview:

Fotoen aus der Sendung: