
© Syndicat d'Initiative Esch
Sonndes den 20. Mäerz fënnt déi 21. Editioun vun der Escher Kavalkad statt.
Eldoradio presentéiert d'Escher Fuesent, organiséiert vum Syndicat d'Initiative.
Fotosausstellung iwwer d'Fuesent
An der Escher Gemeng kënnt dir vum 14. bis den 28. Mäerz eng Fotosausstellung iwwer d'Fuesent besichen. Dës ass zesumme mam Fotograf Joachim Badura am Kader vum Jumelage tëscht der Escher Gemeng an der Stadt Köln organiséiert.
Escher Kavalkad
Lass geet et um 14.15 Auer an der Victor Hugo Strooss.
50 Ween a Gruppen suerge fir déi perfekt Fues-Ambiance.
Dorënner sinn national, wéi och international Gruppen aus Däitschland, Frankräich an der Belsch.
Gratis Entrée.
Arrivée ass um 17.30 Auer op der Gemengeplaz.

© Syndicat d'Initiative Esch
Spillt hei mat a gewannt mat Chance e VIP Package fir d'Escher Fuesent.
Lauschtert hei de Replay vun den Interviews mam Jacques a Pedro vun der Organisatioun:

© Eldoradio
Duerno geet et weider am Zelt
Opmarsch vun den Altstädter Köln 1922 e.V.
After-Cavalcade-Party bis Mëtternuecht mam DJ Brave an de Coverbands Kölsche Adler & Firma Holunder

© DJ Brave / Bohumil KOSTOHRYZ 0635