Dëse Samschdeg ass déi 21. Editioun vum Duck Race.

Den 23. Abrëll 2022 heescht et erëm: déi séierst Int gewënnt a verschaaft sengem Parrain en Auto als Haaptgewënn!

Mat Animatioun fir d'Kanner, DJ, Iess- a Gedrénksstänn ass am Neimënster vu mëttes u fir jiddereen eppes dobäi.

Am beschte benotzt dir den ëffentlechen Transport fir dohin ze kommen.

Duckrace 2022 = Greenevent!

"Green Events" mécht sech zur Aufgab, op groussen Evenementer zu Lëtzebuerg den ekologesche Foussofdrock ze reduzéieren.

Kaaft iech är Int

D'Entrée ass gratis. Op der Plaz kënnt dir de Parrainage fir eng Int iwwerhuelen an domat déi karitativ Aarbecht ënnerstëtzen.

Hei kënnt dir eng Koppel Inte gewannen!

De Start vun der Intecourse ass um 15h. Déi 16.000 Inte ginn dann an d'Uelzecht gelooss. D'Spektakel wäert, je no Stréimung, 30 bis 45 Minutten daueren. Den Depart an d'Arrivée ginn op der Plaz op groussen Ecranen iwwerdro, sou dass keen eppes verpasst.

Hei kënnt dir elo schonn är Int kafen.

De ganze Benefice vun deem Dag ginn un dräi verschidden Associatiounen, déi och op der Plaz vertruede sinn fir iech iwwert hier Aarbecht z'informéieren.

Table Ronde Luxembourgeoise

Den Duck Race ass organiséiert vun der Table Ronde Luxembourgeoise ënnert dem Patronat vun der Stad Lëtzebuerg.

Weider Infoe fannt dir op duckrace.lu

© Duck Race

RTL

De Ronny Diederich an de Christian Huberty vun der Organisatioun / © Eldoradio

Lauschtert hei de ganzen Interview

Kuckt hei d'Fotoe vum Duck Race 2021