Den 18. Juni ass déi éischt Editioun vu MoonWalker zu Lëtzebuerg.

Eng Nuechtwanderung ronderëm d'Stad, e verstoppten Tunnel mat engem Waasserfall an eng Festung mat sensationeller Vue op eis Haaptstad.

Sidd den 18. Juni mat dobäi an erliewt eis Stad emol ganz anescht.

Et ginn 3 verschidde Parcoursen, vun zaart bis haart: 50km, 20km an 10km

D'Weeer ginn duerch Liichtelementer markéiert. Ënnerwee Animatioun & Showeffekter an Zesummenaarbecht mat der Nuit des Lampions Wiltz.

Startzäiten

Start 50km: vun 20 Auer un
Start 20km: vun 21 Auer un
Start 10km: vun 22 Auer un

MoonWalker = Green Event

MoonWalker @Luxembourg ass e Green Event mam Fokus op d'Ëmwelt an d'Gesondheet

Gewannt Är Ticketen

Schreift iech hei an a gewannt mat Chance gratis Startplaze fir bei der Nuechtwanderung den 18. Juni mat dobäi ze sinn.

Weider Informatiounen

Alleguer d'Detailer fannt dir um Site vu MoonWalker 
op Facebook an och op Instagram.

RTL

Den Erich Francois vun der Organisatioun / © Eldoradio

Lauschtert hei de ganzen Interview

RTL

© MoonWalker