Dëst Joer fënnt zu Reckeng op der Mess de 6.,7. an 8. Mee, déi éischt Editioun vum Merlettëfest statt.

Beim Merlettëfest handelt et sech ëm e Festival, dee sech iwwert dräi Deeg zitt.

Am Mëttelpunkt steet de MESSTIVAL, dee Samschdes, de 7. Mee 2022 um 14.00 Auer ufänkt. Et handelt sech dobäi ëm e Museks- a Familljefestival mat ugepasstem Rahmenprogramm, wou déi progressiv a gesellschaftlech Wäerter celebréiert ginn.

De Rapper Maz, deen zu Reckeng op der Mess opgewuess ass, huet an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Reckeng op der Mess an der a.s.b.l. KultuReck Reckeng op der Mess, dëse Festival op d’Bee gestallt.

Lineup 

De Lineup, deen aus lokalen a jonke Museker besteet, gouf och vum Maz “kuratéiert” (zesummegestallt).

  • MAZ
  • CHAILD
  • PLEASING
  • JAMBAL FEAT. CULTURE THE KID
  • NAOMI AYÉ
  • HIP-HOP CYPHER FEAT. STA & SHMOGAN SHOGAN/MELLOW/DUSTY D/ZAZA
  • DJ SPUDBENCER & MATHIASTREINEN AKA KITCHENGUARD

Aktivitéiten an Informatiounsstänn 

An dësem Kader, wou Diversitéit an Inklusioun grouss geschriwwe ginn, wäerten ab 14.00 Auer eng Reih Aktivitéiten an Informatiounsstänn ugebuede ginn vu folgenden Associatiounen:

  • DOWNHILL & MOUNTAINBIKE RECKENG
  • EILENGER KONSCHTWIERK
  • FIEDERBALL RECKENG
  • HIP-HOP BASED EDUCATION LUXEMBOURG
  • I
  • JIF (JOURNEE INTERNATIONALE DE LA FEMME)
  • JUGENDHAUS RECKENG
  • JUGENDKOMMISSIOUN RECKENG
  • MESS CAFE
  • NATUR&EMWELT
  • PIPAPO
  • RECKENGER MUSEK
  • RESEAU PSY
  • ROSA LËTZEBUERG

Allgemenges

De „Paus. Podcast“ wäert de Messtival zousätzlech begleeden a live op der Bün e Podcast-Episod ophuelen.

De Messtival fënnt am Kontext vun engem oppenen, inklusiven, diversen a soziale Kader statt, mat villen Aktivitéiten an Informatiounen zu aktuellen Themen, fir all Altersgruppen mat uschléissende Concerte vun jonken a talentéierte Museker aus Lëtzebuerg.

Weider Informatiounen

Weider Informatiounen fannt dir op www.reckange.lu oder www.facebook.com/reckangemess an och op Instagram Messtival2022

Gewënnspill

Schreift iech hei an a gewannt Consommatiounsbonge fir de Messtival 2022.

Reckenger Merlettëfest

De Messtival fënnt am Kader vum Reckenger Merlettëfest statt.

D'Reckenger Merlettëfest ass vum 6. bis den 8. Mee zu Reckeng am Parvis vum Gemengenatelier
53, rue Jean-Pierre Hilger L-4950 Reckange-sur-Mess

  • de 6. Mee: Afterwork vu 17 bis 23 Auer
  • de 7. Mee: Messival vu 14 bis 2 Auer moies
  • den 8. Mee: MultiKulti - e kulturellt a kulinarescht Fest, vun 11 bis 22 Auer

RTL

© Eldoradio

Lauschtert hei den Interview: