De Spiridon Bëschlaf - Päischtméindeg an der Stad.

Déi éischt 10 Meilen (16km) an der Stad.

Départ & Arrivée sinn am neie "Stade de Luxembourg".

De Parcours geet iwwer Stroossen an och Bëschweeër. E flott Erliefnis fir all d'Frënn vum Lafen.

Den obligatoresche Wee bausse ronderëm den neie Stadion dierf net feelen.

Natierlech kann een och 10km oder 6,5km lafen.

Allgemeng Informatiounen

Gelaf gëtt Richtung Kockelscheier wou de Parcours duerch de Bësch an iwwer d'Feld geet.
Déi 10 Meilen zielen och fir den Spiridon Cup, eng eemoleg Punktwertung déi all eis Leef mateneen verbënnt.
Hei ass all Participant e Gewënner.

Fir Iessen a Gedrénks suergt CASA. Dusche stinn um Camping vun der Kockelscheier zur Verfügung.
Parken ass méiglech um P&R Stade de Luxembourg, 300m vum Départ.

Umeldung

Schreift iech elo hei an a séchert iech ären Dossard fir de Spiridon Bëschlaf.
Ausserdeem kënnt dir iech nach e Samschden an e Sonnden am Cactus Houwald aschreiwen.

Weider Informatioune fannt dir op www.spiridon.lu oder op Facebook.

RTL

© Spiridon

Lauschtert hei de ganzen Interview

RTL

D'Simone Scherer an de Gilles Bley vun der Organisatioun / © Eldoradio

Interview