Freides, den 1. Juli heescht et "Forever Amy" am Artikuss zu Zolwer.

"Forever Amy" ass e Concert, deen d'Musek an déi vill ze kuerz Karriär vum Amy Winehouse zelebréiert. Um Programm stinn d'Lidder vun deenen 2 eenzege Studio Alben, déi d'Sängerin tëscht 2003 an 2006 opgeholl huet.

The Amy Winehouse Band setzt sech aus den original Museker, déi d'Amy Winehouse wärend senger Karriär begleet hunn, zesummen. Fir de Gesang gëtt d'Grupp duerch d'Bronte Shande completéiert.

Praktesch Informatiouonen

  • 1. Juli 2022
  • et geet um 20 Auer un
  • den Ticket kascht 30€ (23€ fir Schüler / 25€ fir Gruppen)

Ticketen & weider Informatioune ginn et op www.artikuss.lu

Gewënnspill

Schreift iech hei an & gewannt mat Chance eng Koppel Entréestickete fir "Forever Amy" den 1. Juli am Artikuss.

© Forever Amy

Lauschtert hei de ganzen Interview

RTL

De Manuel Ribeiro vun der Organisatioun / © Eldoradio

Interview