De „Season Closing“ vun der Festivalsaison ass den 9. & 10. September um Kierchbierg.

Nom rise Succès vum LOA Esch gëtt Freides, den 9. September a Samschdes, den 10. September 2022 de LOA by Post um Kierchbierg organiséiert.

De LOA, deen et zënter 2019 gëtt, bréngt dat bescht, wat elektronesch Musek ze bidden huet, op d'Bün. Am Beräich EDM, Deep House an Tech House wäerten nieft 10 internationalen DJs och local Artists d'Chance hunn, dës Plattform ze notzen.

De Festival-Site op der Place de l'Europe ronderëm d'Philharmonie huet ënnert anerem eng Chill-Out- an och eng Food-Area an de ganze Weekend iwwer wäerte verschidden Animatioune gebuede ginn. Ausserdeem wäert alles mat engem cashless payment system funktionéieren fir et de Visiteuren esou angeneem an einfach wéi méiglech ze maachen.

Praktesch Infoen

Wéini? Freides, 9. September (16h00-00h00) & Samschdes 10. September (13h00-00h00)

Wou? Place de l’Europe, Kierchbierg

Ticketen & weider Infoen? www.loa.lu

Line Up Announcement

© LOA

Erlieft um LOA by Post ënnert anerem Felix Jaehn, Hugel, Yves V, Dannic, Sick Individuals, David Puentez, KREAM, Pretty Pink, DJ Licious an den Noel Holler.

Esouwuel déi international Headliner wéi och national Artiste wäerten iwwer déi 2 Deeg verdeelt um Festival optrieden.

Gewannt 2 Festival-Päss

Spillt elo hei mat an eventuell schécke mir iech an är Begleedung den 9. & 10. September gratis op de LOA by Post!

Lauschtert hei de ganzen Interview

RTL

De Sebastian Jacqué vun der Organisatioun / © Eldoradio

Interview

Kuckt hei d'Fotoe vum LOA Esch