
© LBO
Den Escher Volleyball presenteiert de Spuerkeess Luxembourg Beach Open um Escher Gaalgebierg’
Praktesch Informatiounen
- dëse Weekend, vu freides bis sonndes (29. bis 31. Juli)
- um Escher Gaalgebierg
- 5 Terrainen
- 70 Ekippen
- 380 Spiller
- 1000 Tonnen Miersand
3 Deeg Beachstëmmung mat Beachvolleyball "Just for Fun" an dem Lëtzebuerger Beachvolleyball Championnat.
Programm
Dëse Freideg, 29. Juli
Lass geet et mam Spuerkeess LBO Afterwork vu 17 bis 1 Auer. D'Bands Zero Point Five an The Disliked suerge fir dat musikalescht Encadrement. Duerno ass Partystëmmung mam DJ Buick aka Fritz, DJ Petz W. & DJ Kinch.
Fir iessen, drenken a gudd Musek ass de ganzen Weekend gesuergt.
Dëse Samschdeg, 30. Juli
Den Tournoi start um 9 Auer moies an dauert bis 20 Auer.
Vun 20 Auer un ass d'LBO Pitcher Beach Party mam Corbi vun de Läb, dem Turnup Tun & Friends an den Djs Dama a Skit.
Sonndeg, 31. Juli
Sonndes steet erëm Beachvolley um Programm vun 9 Auer bis 20h. Mëttes sinn déi grouss Finallen an och de VIP-Match mat gudder Musek, Dänzerinnen um Sand an dem Eldoradio Summer Tour.
Weider Informatioune fannt dir op Facebook.
Lauschtert hei de ganzen Interview

D'Liza an den Arnaud vun der Organisatioun
Gewënnspill
Schreif dech elo hei an & gewann mat Chance eng Koppel Entréestickete fir d'Pitcher Beach Party dëse Samschden.

© LBO