Eldoradio presentéiert dëse Weekend zu Stadbriedemes déi 65. Editioun vum Picadilly, dem grouse Wäin- a Wënzerfest op der Musel!

De Weekend vum 12. bis den 14. August gëtt zu Stadbriedemes op der Muselwiss erëm richteg gutt gefeiert.

Freides vu 18h00 un After Work mat Rozeen an Thierry Mersch. Vun 22h00 un déi grouss Picadilly Party mat den DJs vun Hootenanny.

Samschdes vu 18h00 u gutt Stëmmung mam Andrea Galetti an Off Rec. Vun 22h00 u grousst Wäifescht mam DJ Dee a mam DJ Janko. Flott Animatioun mam Eldo Summertour.

Sonndes vun 11h00 u Picadilly Family Day, vill Animatioun, Apero mat der Hunneg-Strëpp an traditionelle Concert vun der Escher Stad Musek!

Navette bréngen iech de Weekend aus dem ganze Land sécher op de Picadilly an nees heem!
Kuckt och op Picadilly.lu

Déi 3 Deeg iwwer mat fräiem Entrée, groussem Foodvillage, engem Wäigaart, gratis Parking a gudder Stëmmung!

RTL

D'Steff an de Nico vun der Organisatioun

Den Interview aus der Show kënnt der hei nach eemol a voller Längt lauschteren:

Picadilly Interview Deel 1
Picadilly Interview Deel 2

Weider Informatioune fannt dir op picadilly.lu an op Facebook.

© Syndicat d'Initiative Stadtbredimus

Gewënnspill

Schreift iech elo hei an & gewannt mat Chance eng Fläsch Picadilly an eng Grillade.

RTL

© Syndicat d'Initiative Stadtbredimus