
© Lëtzebuerger Béierfest
Freides, de 7. Oktober ass d'Lëtzebuerger Béierfest an der Brasserie Nationale zu Käerjeng.
Praktesch Informatiounen
D'Lëtzebuerger Béierfest 2022 fënnt an der grousser Lagerhal vun der Brauerei Bofferding statt.
Fir déi passend Ambiance suergen Die Söhne Tirols aus Éisträich. Hire Stil ass Mountain Rock an d'Band ass op ville Volleksfester doheem.
Donieft suergt och de beschtbekannte Lëtzebuerger DJ AL fir mega Stëmmung.
Um Menü sti waarm a kal Spezialitéiten fir jiddereen. Fir Vegetarier gëtt de Plateau natierlech ugepasst.
Reservéiert elo hei ären Dësch.

© Lëtzebuerger Béierfest
Weider Infoe fannt dir op beierfestkaerjeng.lu oder op Facebook.
Béierfest goes cashless
Dir bezuelt mat ärem Entrées-Bracelet, deen dir op de Borne per Kreditkaart oder Cash opluede kënnt.
Sollt um Enn vum Owend e Solde op ärem Bracelet sinn, da kënnt dir iech deen natierlech rembourséiere loossen.

Den Jay, de Nico an de Joe waren beim Wulli am Studio: