
© Eldoradio / Freepik
Och dëst Joer ass den 31. Oktober erëm déi grouss Eldoradio Halloween Party an de Rives de Clausen: Dia de los Muertos!
Eldoradio, lalux, Spuerkeess an Orange invitéieren nees op déi gréissten Halloween Party hei am Land!
Dia de los Muertos @ Rives de Clausen
Méindes, den 31. Oktober feiere mir vun 18 Auer un zesummen am Haff an an all de Lokaler vun de Rives de Clausen d'Fest vun den Doudegen! Den Entrée ass gratis!

© tenor.com
Profitéiert vu fräiem Entrée & fräier Nuecht! Den Dag drop ass Feierdag, do gëtt ausgeschlof!
Verschidden Ambiancen - eng riseg Party!
Nightlife-Busser vun der Mobilitéitszentral
Natierlech fuere Méindes, den 31. Oktober och gratis Latenight-Busser uechter d'Land.
Stresst iech also net, fir mam Auto bis a Clausen ze fueren a vergeblech no enger Parkplaz ze sichen.
Huelt gemittlech de Latenight-Bus bei iech an der Géigend, deen iech an d'Stad an no der Halloween-Party och erëm zeréck bréngt.
De kompletten Iwwerbléck fannt dir hei.
Event Navigator

De Ben an de Jean-Claude vun de Rives de Clausen / © Eldoradio
Wann der den Interview verpasst hutt kennt der en hei nach eemol a voller Längt lauschteren:
Stater Busser
Och an der Stat fiert d'Buslinn CN1 (P&R Bouillon - Gare Centrale - Hamilius - Centre - Glacis - Clausen) am 15-Minutten-Takt an no Mëtternuecht esouguer am 10-Minutten-Takt.
Hues du ee coolen Halloween-Look?
Da komm op den Eldo-Stand a looss dech zesumme mat denge Frënn an eiser Fotolounge knipsen!
Dee beschten, grujelegste Kostüm oder Maquillage gëtt natierlech belount!
Feiert zesumme mat Eldoradio op der gréisster Halloween Party am Land!
Gewann e Concommatiounsbong am Wäert vu 50€
Spill elo hei mat & gewann mat Chance e 50€ Consommatiounsbong fir op der Dia de los Muertos auszeginn.
Déi Bonge kënnen an engem vu folgende Lokaler ageléist ginn:
- Brauerei (Big Beer Company)
- Maybe Not Bob's
- Grizzly
- Ikki
- Jakob’s House
- Maria Bonita
- Rock Box
- Schamrock
- Schapp
- Zap Schoul
- Zulu Blanc