
© Eldoradio / Freepik
Dir wëllt virun der Chrëschtvakanz an de Feierdeeg nach eng Kéier sou richteg mat de Kolleegen a Frënn feiere goen?
Nächst Woch e Freideg gëtt an de Rives de Clausen esou richteg Party gemaach... op der grousser Eldo Santa Claus Party!
Den Optakt vum Chrëschtweekend 2022!
Ganz vill wäiss Bäert, rout Mutzen a Chrëschtelfe kommen zesumme fir anstänneg an de Chrëschtweekend eranzefeieren.
Praktesch Informatiounen
- An de Lokaler vun de Rives de Clausen
- Vu 17 Auer un Afterwork mat Happy Hour
- Gemittlech iesse fir de Mo ze stäerken
- Riseg Party an de Lokaler
- gratis Entrée
Feiert zesumme mat Eldoradio nom leschte Schouldag a profitéiert fir mat de Frënn a Kolleegen op enger gemittlecher Party ze feieren an esou d'Vakanz perfekt unzefänken!
Event Navigator

De Ben Schieres aus de Rives de Clausen / © Eldoradio
Hei kënnt der nach eemol den Interview mat de wichtechsten Informatiounen vum Donnëschden Owend lauschteren.
Gewënnspill
Schreift iech elo hei an & gewannt mat Chance nächste Freideg e Consommatiounsbong am Wäert vu 50€ fir op der Eldo Santa Claus Party auszeginn.