
© LOA
De „Season Opening“ vun der Festivalsaison ass dëst Joer erëm zu Esch.
De LOA, deen et zënter 2019 gëtt, bréngt dat bescht, wat elektronesch Musek ze bidden huet, op d'Bün. Am Beräich EDM, Deep House an Tech House wäerten nieft internationalen DJs och local Artists d'Chance hunn, dës Plattform ze notzen.
De Festival-Site um Belval wäert och dëst Joer ënnert anerem e Foodvillage, verschidden Animatiounen a vill aner Iwwerraschungen ze bidden hunn.
Erlieft och 2023 erëm eng eenzegaarteg Festival-Experience um Opening vun der Festival-Saison!
Praktesch Infoen
Wéini? Freides, de 5. Mee & samschdes, de 6. Mee 2023
Wou? Belval, Esch/Alzette
Ticketen & weider Infoen? www.loa.lu
Event Navigator

De Sebastian vun der Organisation / © Eldoradio
De Sébastian Jacqué, Organisateur vum Loa war beim Wulli am Studio fir iwwert d'Kënschtler, de Line-Up an all aaner wichteg Sujet'en ze schwätzen:
Lauschtert hei nach eemol de ganzen Interview:
Gewënnspill
Schreift iech elo hei an & gewannt mat Chance donneschdes, de 16. Februar 2 Festivalpäss fir de LOA Esch 2023!