
© Club des Jeunes Remerschen
Dëse Samschden ass et erëm sou wäit. De Club des Jeunes Rëmerschen organiséiert de MUSEL AM DUSEL zu Remerschen an der Kellerei.
Kommt alleguer laanscht a féiert mat eis zesummen d’Fuesent.
D'Coverband Noisemakers an anerer wäerte fir eng super Stëmmung suergen.
Dobäi kënnt dir dann dat eent oder anert Glas vun eisem gudde Miseler Wäin drénken.
Am Virverkaf kaschten d'Bännercher 10 Euro, an an der Oweskeess 15 Euro.
D'Bännercher kritt ee bei all den Memberen vum Club des Jeunes Remerschen an am Café Wëntrengerstuff zu Wëntreng
Ausserdeem gin et d'Bännercher nach haut vu 17h00 un zu Remerschen an der Kellerei!
Praktesch Informatiounen
- Dëse Samschden Owend zu Remerschen an der Kellerei
- vun 21 Auer un
- Keen Entrée ënnert 16 Joer
- Ticketen: 10 Euro Virverkaf, 15 Euro Oweskeess
- Coverband: The Noisemakers
- Parking: beim Baggerweier, beim Fussballsterrain an et gëtt ee P+R zu Réimech a bei der Aral Tankstell zu Remerschen
Weider Infoe fannt dir op Facebook.
Event Navigator

De Sven, d'Amy an de Ben / © Eldoradio
Hei fannt der nach eemol de ganzen Inerview am Replay:
Gewënnspill
Schreift iech elo hei an & gewannt haut mat Chance eng Koppel Entréestickete fir op de Musel am Dusel.