
© Syndicat d'Initiative Esch
Dëse Weekend ass et endlech erëm sou wäit: d'Escher Fuesent steet virun der Dier!
Vu Kannerfuesbal bis zur traditioneller Cavalcade ass fir all Fuesbok eppes dobäi.
Programm
e Freideg, den 3. Mäerz: Brasilianeschen Owend "Arraiá do Bloco Galera"
vun 20 bis 03 Auer
am Zelt op der Gemengeplaz
Entrée: 10€

© Syndicat d'Initiative Esch
e Samschdeg, de 4. Mäerz: Kannerfuesbal
vu 14 bis 18 Auer
am Zelt op der Gemengeplaz
Entrée: 2.50€
DJ Hoffmeister & Maskottchen Hoffi
Photolounge
e Samschdeg, de 4. Mäerz: Escher Fuesfiesta
vun 20 bis 03 Auer
Virverkaf (luxtix.lu): 10€ / Oweskeess: 15€
DJ Hoffi-Zambezi / Die Zipfelbuben / Schürze / de Hofnarren
Photolounge
e Sonndeg, de 5. Mäerz: 21. Escher Cavalcade
vu 14:15 bis 18:15 Auer
gratis Entrée
rue Victor Hugo, rue du Fossé, rue du Canal, rue du Brill, rue de l'Alzette & Place de l'Hôtel de Ville
Am ganze 60 Museksgruppen, Cavalcade-Ween, a Foussgruppen aus Lëtzebuerg, Däitschland, Frankräich an der Belsch wäerte ganz vill Chipsen, Kamellen Popkorn a Béier verdeelen a suerge sou fir déi perfekt Fuesstëmmung! Ronderëm d'Cavalcade ass fir Iessen, Gedrénks a passend Musék gesuergt.
A 4 verschidde Caféën ronderëm d'Zelt wäert mat DJs och fir Stëmmung gesuergt ginn.

© Syndicat d'Initiative Esch
e Sonndeg, de 5. Mäerz: Après-Cavalcade "Escher Fuesent"
vu 14 bis 24 Auer
am Zelt op der Gemengeplaz
gratis Entrée
DJ Christian du Coin / Coverband De Pänz
Weider Infoe fannt dir op Facebook.
Event Navigator

Den Hoffi an den Pedro vun der Organisatioun / © Eldoradio
Hei fannt der nach eemol de ganzen Inerview am Replay:
Gewënnspill
Schreift iech elo hei an & gewannt e Freideg, den 3. Mäerz e Package fir d'Escher Fuesent mat 2 Entréeën fir e Samschdeg den Owend op déi grouss Escher Fues Fiesta & 2 Bännercher fir e Sonndeg op d'VIP Tribün op der Escher Cavalcade & e 50€ Consommatiounsbong!