De Weekend vum 22. & 23. Abrëll ass eng weider Editioun vum DKV-UrbanTrail an der Stad!

Loscht bei engem eenzegaartege Parcours duerch d'Stad mat dobäi ze sinn? Da mellt iech elo eleng oder am Team un, fir déi 12. Editioun vum

DKV-UrbanTrail an der Stad

Ob am Team, eleng, mam Partner, mat Bängelen oder mat ärem Hond - beim DKV-UrbanTrail ass fir jiddereen a fir all Trainingsniveau, ob grouss oder kleng eppes dobäi!

Samschdes, de 22. Abrëll mat enger Marche Populaire IVV/Nordic Walking mat 3 Distanzen (5km, 10km, 18km).

Offizielle Start: 10 Auer (et kann ee vun 10 bis 12 Auer starten)

Sonndes, den 23. Abrëll mat

  • 4 verschidde Courssen, mat verschiddenen Distanzen
  • 1 Team Run
  • 6 Distanzen
  • 2 Mini-Trail-Parcourse fir d'Kanner

Fir all Trainingsniveau!

Erlieft d'Stad Lëtzebuerg emol vun enger anerer Säit a gitt de Weekend vum 22. & 23. Abrëll mat un den Depart! Natierlech mat Animatioun um Depart & op der Arrivée!

Hei fannt dir all praktesch Infoen iwwert den DKV Urban Trail 2023.

Event Navigator

RTL

Den Organisateur José Azevedo / © Eldoradio

Lauschtert hei nach eemol de Replay vum Donneschden Owend:

Interview

Gewënnspill

Schreift iech elo hei an & gewannt 2 Startplazen (Distanz au choix: 13, 18, 27 oder 34 km).

Huelt de Weekend vum 22. an 23. Abrëll un der 12. Editioun vum DKV-UrbanTrail deel & laaft laanscht déi coolsten Touriste-Spots vun der Stad Lëtzebuerg!

Kuckt iech hei d'Fotoe vum DKV Urban Trail 2022 un