
© Gemeng Reckeng op der Mess
Dëst Joer de 6. Mee 2023 zu Reckeng op der Mess!
De MESSTIVAL, dee Samschdes, de 6. Mee 2023 um 15.00 Auer ufänkt ass e Museks- a Familljefestival mat ugepasstem Rahmenprogramm, wou déi progressiv a gesellschaftlech Wäerter celebréiert ginn.
De Rapper Maz, deen zu Reckeng op der Mess opgewuess ass, huet an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Reckeng op der Mess an der a.s.b.l. KultuReck Reckeng op der Mess, dëse Festival op d’Bee gestallt.
Lineup
De Lineup, deen aus lokalen a jonke Museker besteet, gouf och vum Maz “kuratéiert” (zesummegestallt).
- MAZ
- DE LÄB
- TUYS
- THEM LIGHTS
- HUNNEG-STRËPP
- THE X
- ZAZA
an nach méi!
Allgemeng Informatiounen
- Start: 15 Auer
- beim Gemengenatelier, Reckeng op der Mess
- gratis Entrée
Weider Informatiounen
Weider Informatiounen fannt dir op www.reckange.lu oder op Facebook.
Event Navigator

De Julien vun der Gemeng / © eldoradio
Hei nach eemol den Interview am Replay:
Gewënnspill
Schreift iech hei an & gewannt Consommatiounsbonge fir de Messtival 2023.