Dëse Samschdeg ass déi grouss m'Après Ski Party an der Aler Seeërei zu Dikrech.

D'Amicale Asazzenter Dikrich A.s.b.l. luet iech häerzlech dëse Samschdeg a fir mat op der éischter m’Après-Ski an der aler Seeërei zu Dikrich ze feieren.

Allgemeng Infoen

Wat erwaart iech op dësem Owend?

  • Um 20 Auer geet et lass!
  • Déi bescht Musek vum DJ Dee! an DJ AL (ALDEE).
  • Eng onbeschreiflech Deko an der aler Seeërei.
  • Super Stëmmung iwwert de ganzen Owend.
  • Déi eng oder aner Iwwerraschung wärend dem Owend. 
  • De Late Night Bus bréngt iech bis op Dikrich an natierlech och erëm Heem, sou dass kee brauch ze fueren.

RTL

© Amicale Asazzenter Dikrich

Vu Fliegerlied bis Layla, Olivia, a wéi se nach all heeschen... Kommt an d'Al Seeërei a feiert eng leschte Kéier fir dës Saison eng mega Après Ski Party mat beschter Stëmmung.

Weider Infoe ginn et op Facebook.

Ticketen

Virverkaf: 7€ / Oweskeess: 10€

Wou kritt ee Virverkafsticketen ze kafen?

  • Beim Louis zu Dikrich
  • Beim Patati & Patata zu Dikrich
  • Beim Ketti zu Dikrich
  • Bei all den Memberen vum CIS Nordstad (Pompjeeën aus der Nordstad)
  • Am Facebook Event kënnt dir d'Hosts uschreiwe fir Ticketen ze kréien

Event Navigator

RTL

© Eldoradio

Interview

Gewënnspill

Schreift iech elo hei an & gewannt mat Chance dëse Freideg eng Koppel Entréestickete fir op d'm'Après Ski an der aler Seeërei.