De 15. & 16. Abrëll ass déi 10. Editioun vun der Luxcon zu Diddeleng.

Zënter 2014 ass d'Luxcon de Rendez-Vous fir all Science Fiction, Fantasy & Horror Fans! Vu Bicher, Spiller, Serien, Filmer iwwer Cosplay bis zu Konscht gëtt fir jiddereen eppes gebueden.

Organiséiert vun der Science Fiction & Fantasy Society Luxembourg ass d'Luxcon ee vun de faarwechste Festivaler zu Lëtzebuerg. Ob als Sailor Moon, Storm Trooper, Joker oder ouni Cosplay, et lount sech op déi 10. Editioun vun der Luxcon ze kommen.

Programm

Invitéë vun dëser Editioun

  • Peter V. Brett – amerikanesche Fantasy-Auteur,
  • Cheryl Morgan – walisesch Autrice & Fan,
  • Sylvie Poulain – franséisch Science-Fiction-Autrice,
  • Peadar Ò Guilìn – iresche Fantasy-Auteur,
  • Brian Muir – Skulpteur vun ënnert anerem dem Darth Vador sengem Helm,
  • CapKaempfer – däitsche Cosplayer,
  • Vastora Cosplay – däitsch Cosplayerin
  • Mark Nixon & David Ault (Shadows ath the Door) – britesch Podcaster
  • Jon Ware & Muna Hussen (The Silt Verses) – britesch Podcaster

Soss um Programm sinn dëse Samschdeg & Sonndeg 

  • Diskussiounen
  • Workshops
  • Ausstellungen
  • Filmer
  • Interviews
  • Vente
  • Animatiounen a villes méi!

Fir all Science Fiction Fantasy an Horror Fans!

Weider Infoe ginn et op luxcon.lu an op Facebook.

Ëffnungszäiten

Samschdes, de 15. Abrëll: vun 10 bis 01 Auer op
Sonndes, de 16. Abrëll: vun 10 bis 18 Auer op

Adress

Centre culturel régional "opderschmelz"
1a, rue du Centenaire L-3475 Dudelange

Ticketen

Entreestickete kënnt dir op der Plaz kafen.

Oder schreift iech hei an & gewannt dëse Freideg eng Koppel Entreesticketen. Mat e bësse Chance schéckt Eldoradio iech gratis op d'Luxcon!

Event Navigator

RTL

De Gerard Kraus vun der Organisatioun / © Eldoradio

Interview

Kuckt iech hei d'Fotoe vun der Luxcon 2022 un