Den 22. Abrëll ass de groussen Eldo Jobportunity!

Du bass op der Sich no enger neier Challenge? D'Medien interesséieren dech an du wolls schonn ëmmer beim Radio schaffen?
Da komm Samschdes, den 22. Abrëll tëscht 8 an 12 Auer bei eis op de Kierchbierg!

Samschdeg, den 22. Abrëll 2023

Komm laanscht op e gemittleche Moie mat Gespréicher, Austausch, Kaffi & Häppecher. An ergräif deng Eldo Jobportunity!

D'Adress ass 43, boulevard Pierre Frieden L-1543 Kierchbierg (RTL City)

Mir sichen dech!

Um Eldo Jobportunity hues du déi exklusiv Geleeënheet, hanner d'Kulisse vum Eldo ze kucken.
Wéi ass de Radio opgebaut, wéi eng verschidde Leit schaffe beim Eldo?
A virun allem, wéi kanns du en Deel dovunner ginn?

Aktuell hu mir e puer fest Plazen ze besetzen

Schéck eis deng Demande op jobs@eldoradio.lu a komm den 22. Abrëll an däin Entretiens-Gespréich!

Event Navigator

Lauschter hei den Interview mam Yamina am Replay:

Interview
RTL

© Eldoradio