
© TRL / Eldoradio
Dëse Samschdeg ass déi 22. Editioun vum Duck Race.
Den 29. Abrëll 2022 heescht et erëm: déi séierst Int gewënnt a verschaaft sengem Parrain en Auto als Haaptgewënn!
Mat Animatioun fir d'Kanner, DJ, Iess- a Gedrénksstänn ass am Neimënster vu mëttes u fir jiddereen eppes dobäi.
Am beschte benotzt dir den ëffentlechen Transport fir dohin ze kommen.
Duckrace 2023 = Greenevent!
"Green Events" mécht sech zur Aufgab, op groussen Evenementer zu Lëtzebuerg den ekologesche Foussofdrock ze reduzéieren.
Kaaft iech är Int
D'Entrée ass gratis. Op der Plaz kënnt dir fir 5€ de Parrainage fir eng Int iwwerhuelen an domat déi karitativ Aarbecht ënnerstëtzen.
Hei kënnt dir elo schonn de Parrainage fir 2 Inte gewannen!
De Site ass vun 12 Auer un op. De Start vun der Intecourse ass um 15h. Déi 16.000 Inte ginn dann an d'Uelzecht gelooss. D'Spektakel wäert, je no Stréimung, 30 bis 45 Minutten daueren.
Hei kënnt dir elo schonn är Int kafen.
De ganze Benefice vun deem Dag ginn un dräi verschidden Associatiounen (Nuevo Destino, Stiftung Kinderchirurgie, Association MANAMPY), déi och op der Plaz vertruede sinn fir iech iwwert hier Aarbecht z'informéieren.
Table Ronde Luxembourgeoise
Den Duck Race ass organiséiert vun der Table Ronde Luxembourgeoise ënnert dem Patronat vun der Stad Lëtzebuerg.
Weider Infoe fannt dir op duckrace.lu
Event Navigator

De Ronny an de Gilles vun der Table Ronde / © Eldoradio
Lauschter hei nach eemol de kompletten Interview: