De „Season Opening“ vun der Festivalsaison ass 2023 erëm zu Esch.

De LOA, deen et zënter 2019 gëtt, bréngt dat bescht, wat elektronesch Musek ze bidden huet, op d'Bün. Am Beräich EDM, Deep House an Tech House wäerten nieft internationalen DJs och local Artists d'Chance hunn, dës Plattform ze notzen.

Et ass DEN EDM Festival zu Lëtzebuerg. Dëst Joer ganz nei: 3 verschidde Büne suergen dofir, dass jiddereen op seng Käschte kënnt an eng onvergiesslech Zäit zu Esch verbrénge wäert.

Nodeems et am September eng Hidden Stage gouf, kënnt dir iech dëst Joer och op d'Rave Cave freeën, déi dir an engem Schëffscontainer fannt!

Erlieft och 2023 erëm eng eenzegaarteg Festival-Experience um Opening vun der Festival-Saison!

Méi Stages - méi Eskalatioun!

Dëst Joer ginn et um LOA Esch insgesamt 3 Stages mat jeeweils eegenem Line-Up!

Op der Mainstage stinn dëst Joer ënnert anerem Bassjackers, Topic oder och Tchami. Hei de ganzen Iwwerbléck:

  • Freides 05.05.

Bassjackers
Topic
Retrovision
Tarik Asadi
Empra

  • Samschdes 06.05.

Tchami
Byor
La Fuente
Marten Hørger
MBP

RTL

© LOA

Donieft gëtt et nach d'Inferno Stage, direkt ënnert den Héichiewen. Hei gëtt et dann éischter Techno op d'Oueren. Déi zwee Deeg gëtt et hei Acid bis Minimal a Future Techno.

  • Freides 05.05.

Feller (LUX)
Mathias Treinen (LUX)
Juan del Chambo (DE)

  • Samschdes 06.05.

Leo Friedrich (LUX)
Xamara (DE)
Kos:mo (DE)
Gilles Bock (LUX)

RTL

© LOA

D'local artists sinn natierlech och dëst Joer gutt vertrueden um LOA Esch!

RTL

© LOA

Méi Detailer iwwert alleguer d'Artiste vum Line-Up ginn et hei!

Praktesch Infoen

Wéini? Freides, de 5. Mee & Samschdes, de 6. Mee 2023

Wou? Belval, Esch/Alzette

Ticketen & weider Infoen? www.loa.lu

Event Navigator

RTL

De Sebastian vun der Organisatioun / © Eldoradio

Lauschtert hei nach eemol all Deeler vun der Interviews vum Donneschden Owend:

Interview 1
Interview 2
Interview 3
Interview 4

Hei hutt der nach eemol d'Fotoen vum Liveset vum Retrovision a vum Interview:

Gewënnspill

Schreift iech elo hei an & gewannt 2 Festivalpäss fir de LOA Esch de 5. & 6. Mee!

Eldo live @ LOA Esch

Natierlech ass Eldoradio mat um Start um LOA Esch!

Mir maache live Sendung vun der Plaz, freides vun 15 bis 1 Auer & samschdes vun 19 bis 1 Auer.

Wéi d'lescht Joer si mir och dës Kéier erëm mat Reporter, Fotografen a mam Chiko ënnerwee.

Kommt gäre laanscht, maacht eng Foto mam Chiko a genéisst d'Festival-Ambiance zesumme mam Eldo um Season Opening um Belval!

Kuckt hei d'Fotoe vum LOA Esch 2022