
© Boris Breuer / Chris Weistroffer
Den 08. an 09. Mai kënnt d'Doc Caro mat sengem Buch „Keine halben Sachen“ op Hesper an den Celo.
D'Carola Holzner ass eng däitsch Doktesch a Webvideoproduzentin. Si ass Spezialist an der Anästhesiolgie a forméiert an de Beräicher vun der Noutmedizin an der Intensivmedizin. Si ass Autorin vun 3 Bicher: „Eine für alle“, „Keine halben Sachen“ an „Einsatz fürs Herz“.
Bekannt duerch hir Sendung op Sat1 „Einsatz mit Herz“ si mer frou, dass si de Wee op Lëtzebuerg fënnt fir eng Liesung mat enger Autogrammstonn duerno.
Ob an der Urgence, am Rettungsdëngscht um Buedem oder an der Loft, d'Doc Caro ass eng passionnéiert Doktesch, déi sech fir Gerechtegkeet asetzt.
Déi wichtegst Froen am Liewe stelle sech an der Urgence, dofir hëllt d'Doc Caro eis mat hannert d'Kulissen a liest aus hirem Buch „Keine halben Sachen“ vir.
Praktesch Informatiounen
- nächste Méindeg, den 8. Mee um 19.30 Auer
- nächsten Dënschdeg, den 9. Mee um 17.00 Auer
- zu Hesper am Celo (476, route de Thionville L-5886 Hesper)
Weider Infoe fannt dir bei de Facebook-Events vu méindes & dënschdes
Virverkaf
Virverkafstickete kann een online kafe fir méindes an och fir dënschdes.
Den Erléis vun dësem Event gëtt integral un d‘Wonschkutsch ASBL gespent.
Bei weidere Froen, schreift eng E-Mail un tickets@pohl.lu
Event Navigator

D'Chris vun der Organisatioun / © Eldoradio
Hei ass nach eemol de ganzen interview am Replay:
Gewënnspill
Schreif dech elo hei an & gewann dëse Freideg mat Chance eng Koppel Tickete fir eng Virstellung au choix.