
© Landjugend Furen
Dën Donneschdeg organiséiert d'Landjugend Furen de 47. Landjugenddag zu Tandel.
Komm mat denger Ekipp oder als Famill a stellt äert Kënnen a Wëssen ënner Beweis.
Deng Geschécklechkeet sou wéi deng sportlech Säit ass op engem 8km laange Rallye gefrot.
Dagesprogramm
09:30 Jugendmass mam Här Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich zu Tandel am Bannenhaff vun der Maison Relais
10:45 Éierewäin zu Tandel an der Maison Relais, offréiert vun der Gemeng Tandel
11:30 Mëttegiessen am groussen Zelt bei der Entrée a Startschoss vum Rallye
15:00 Concert vun der Dikrecher Musek
16:30 Concert vun der Housener Musek
De ganzen Dag ass Kanneranimatioun fir déi Kleng an eng Kaffisstuff fir déi grouss. Fir Iessen a Gedrénks ass de ganzen Dag gesuergt.
+/- 20:30 – Dekanatsspill fir d'Lëtzebuerger Landjugenden
22:00 Präisiwwerreechung mat uschléissendem Bal mam DJ Pikay
Detailer
D'Umeldung an d'Bezuelung kann am viraus gemaach gi mat enger Email op lj-furen@hotmail.com oder awer och den Dag selwer um Parking vun der Maison Relais. De Präis läit bei 20€/Persoun. D'Mëttegiessen an ee Gadget sinn am Präis mat abegraff.
Eng Ekipp besteet aus min. 4 Persounen.
Bei der Umeldung kritt dir een Froebou, deen dir bis zum nächsten Spill ausgefëllt sollt ofginn. Sou verleeft dat de ganzen Rallye, bei all Spill kritt dir een neien Froebou. Falls dir den Froebou ënnerwee verléiert gëtt dësen net gezielt!
Et sinn am Ganze 5 Spiller, dovun ee Waasserspill, dofir bréngt eng Schwammbox/Maillot an dréche Kleeder mat.
Den Tour vum Rallye ass ongeféier 8 km laang an ass mat der Kannerkutsch befuerbar.
Op all Spill ass ee Gedrénksstand an op all zweetem Spill ee Grillstand.
Haalt iech dësen Donneschdeg, den 18. Mee 2023 also onbedéngt fräi an vergiesst op keen Fall e Freideg, den 19. Mee Congé anzedroen.
Mir freeën eis ob iech. Bréngt genuch Honger, Duuscht an natierlech gutt Laun mat!
Event Navigator

De Patrick, den John an de Pitt vun der Landjugend / © Eldoradio
Gewannt e Landjugenddag-Package
Schreift iech hei an & gewannt en exklusive Package fir 2 Persounen (Startgeld, Gadgets, Mëttegiessen & Gedrénksbongen)