Am Juni ass erëm eng weider Editioun Festival Les Francofolies um Gaalgebierg zu Esch!

Nodeems et de Festival Les Francofolies schonn op ville Plaze gëtt, ass zënter leschtem Joer mat Esch/Uelzecht en neie Member an der Francofolies-Famill bäikomm. De Festival wëll d'Bild vun der Stat an och vum Land mat internationaler Reechwäit vermëttelen an ass en Deel vum Lëtzebuerger Multikulturalismus. Les Francopholies setzt sech a fir d'Vermëttlung vu Francophilie a Francophonie am Grand-Duché.

Dëse Festival steet souwuel fir modern Musek, wéi och fir Respekt fir eis Ëmwelt. Vum kënschtleresche Programm iwwer d'Zeenographie bis hin zur Logistik gëtt näischt dem Zoufall iwwerlooss. Et ass e Mix ass spilleresch, experimentell an ästhetesch.

Dës grouss Party soll fir jiddereen eng Aart "grénge" Fuedem am Escher Kulturwiese sinn.

Nieft franséischen, stinn hei och ganz vill national Kënschtler op der Bün!

Party, Stëmmung a bescht Vibes am Häerz vun der Natur!

Praktesch Informatiounen

  • vum 8. bis den 11. Juni
  • zu Esch/Uelzecht (Gaalgebierg, Escher Theater, Kulturfabrik & l'Arche/Villerupt) 
  • Navette-Service vun Arel, Metz an Thionville op Esch
  • seng Camping-Plaz kann een am Viraus reservéieren

Weider Infoe fannt dir op francofolies.lu, op Facebook an och op Instagram

Ticketen

Séchert iech elo schonn hei är Ticketen.

Event Navigator

RTL

De Loic an de Pim vun der Organisatioun / © Eldoradio

Lauschtert hei nach eemol de ganzen Interview:

Interview 1
Interview 2

Gewënnspill

Schreift iech elo hei an & gewannt mat Chance dëse Freideg eng Koppel Entréestickete fir denDJ Snake freides den 9. Juni live z'erliewen!

Schreift iech elo hei an & gewannt mat Chance dëse Freideg eng Koppel Festivalpäss (fir déi 3 Deeg)!

Line-Up

Erlieft den DJ SNAKE den 9. Juni live um Gaalgebierg zu Esch! 

Nieft Lousie Attaque, Tuys a C'est Karma trieden nach ganz vill aner national a francophone Kënschtler op.

De ganze Line-Up fannt dir hei.

RTL

© Francofolies