Kommt a laaft e Samschden erëm mat um Sudstroum escher kulturlaf

Dëst Joer kann een nees tëschent 3 Distanzen vum Sudstroum escher kulturlaf wielen:
10 miles, 10 km an Hallefmarathon

Praktesch Informatiounen

Den zentrale Punkt vum „Sudstroum escher kulturlaf“ ass bei der Maison des Arts et des Etudiants op Esch-Belval
(direkt bei der Universitéit). Hei sinn den Départ, d’Arrivée, de Gewënnerpodium an den After-Kulturlaf.

  • 16:00 SUDenergie Mini-Kulturlaf (1 km fir déi kléng)
  • 18.00 Hallefmarathon (21,1 km), 10 Miles (16 km) an 10 km 

Den Accès op de Site ass ganz einfach, souwuel mam Bus, mam Vëlo oder ze Fouss.
Mam Auto
gin et verschidde Parkinge:

  • Parking Belval-Gare
  • Parking Belval Plaza I et II
  • Parking de l’Université

De Parcours vum „Sudstroum escher kulturlaf“ féiert net nëmme laanscht verschidde kulturell Site vun der Stad. Museker a Museksgruppe spillen och op Podiumen an natierlech Emplacementer laanscht de Parcours an dat virun, wärend an no der Course.

D’Vestiairen an d’Dusche vum Lycée Bel-Val (mat separatem Fraen- a Männerberäich) si fir d’Leefer disponibel. No der Course fiert eng Navette permanent tëschent der Arrivée an dem Lycée (Trajet: ongeféier 1 km).

Dossard

D’Leefer kënnen hiren Dossard ofhuelen:

Freides, den 1. September, vu 16 bis 20 Auer
Samschdes, den 2. September, vun 11 bis 17 Auer

Adress:
Maison des Arts et des Etudiants (Université du Luxembourg)
Avenue de la Fonte
L-4364 Esch-sur-Alzette

Zu deem Zäitpunkt sinn och nach lescht Aschréiwungen sur place méiglech.

Weider Informatioune ginn et op kulturlaf.lu

Gewënnspill

Schreif dech elo hei an & gewann 1 Participatioun fir mat ze lafen

Escher Kulturlaf 2022