Nom LOA ass virum LOA!

Den Opening vun der Festival-Saison um Belval war e risen Erfolleg!
Ronn 12.000 Leit hunn de 5. a 6. Mee um Belval mat DJ's wéi den Tchami, Topic oder de Bassjackers gefeiert.

RTL

LIVE am Event Navigator

Dës Woch ass eisen Event of the Week de LOA by Post, dëse Freideg a Samschdeg um Kirchbierg. De Sebastian Jacqué ass dësen Donneschden vu 19h00 bis 20h00 beim Wulli am Studio a gëtt eis all wichteg Infos zum Festival. Ausserdem hu mir een vun den internationalen Headliner am DJ-Live-Mix, de GLOCKENBACH !!!  Lauschtert eran ....

Interviews aus der Sendung:

Interview 1 LOA by POST @ Event Navigator
Interview 2 LOA by POST @ Event Navigator

LOA by Post

Den 8. an 9. September ass de Season Closing mam LOA by Post um Kierchbierg!

LOA Experience

2 Deeg, 3 Stages, iwwer 30 Artists op der Mainstage mat Acts ewéi Nervo, W&W a Glockenbach. D'Inferno Stage mat Techno, Acid, Future, & eng verstoppte Rave Cave. Ausserdeem ass natierlech fir déi richteg Festival-Stëmmung mat vill Animatioun um ganze Site gesuergt!

RTL

© LOA

Line-Up - Freides

W&W
Als grouss Headliner wäerten e Freiden Owend W&W op der Bün stoen. Den hollänneschen DJ-Duo ass säit 2014 ganz uewen an der Musekszeen ukomm an huet mat Tracks wéi "Heaven Is A Place On Earth" oder "Rave Love" international Hits produzéiert. Nodeems si sech bësse vum Trance fortbeweegt hunn, sinn W&W hautzedaags definitiv am Big Room doheem. Gär dréien si d'BPM och emol e bëssen erop!

Coone
À propos vill BPM: Freides steet och de belschen Hardstyle DJ Coone op der Mainstage. Mat Tomorrowland an Defqon.1 huet de Coone huet schonn déi gréisste Festivalle gespillt. Et ass heimat dann och déi éischte Kéier, dass en Hardstyle-DJ op der LOA-Mainstage steet.

Glockenbach
Mat Lidder wéi "Brooklyn" oder "Dirty Dancing" si Glockenbach op internationale Radiosenderen erop an erof gelaf. Den däitsche Kollektiv suergt mat sengem Electro-Pop fir déi richteg Beats fir an dee perfekte Warm-Up fir Coone an W&W.

PAJANE
Nom weltwäiten Erfolleg mat "Back Once More" huet den däitschen DJ a Produzent PAJANE sech fest an der House-Branche etabléiert. Vun Tech-House-Vibes bis zu melodeschen Hooks suergt de PAJANE fir déi richteg Stëmmung. Mat den Tracks "My Mind" a "Rude Boy" huet hien international Hits geschriwwen. Released goufen déi iwwert dem Tiësto säi Label "Musical Freedom".

CASTION
Nodeems de CASTION vill Remixes produzéiert huet, sinn éischt Lables op hien opmierksam ginn. 2018 ass seng Karriär esou richteg lancéiert ginn, ewéi säin Track "Euphoria" war fir den Aftermovie vum Ultra Music Festival South Africa genotzt gi war. Mëttlerweil huet hien och scho mat DJ's wéi Tiësto, David Guetta, Martin Garrix oder Mike Williams geschafft.

Local Support
Um Freideg wäerten um LOA by Post awer och nach vill national Kënschtler op der Bün stoen.

Line-Up - Samschdes

NERVO
Samschdes steet den DJ-Duo Nervo als groussen Headliner op der Bün vum LOA by Post! Déi zwou Zwillingsschwëstere Mim a Liv spille säit iwwer 10 Joer déi gréisste Bünen vun der Welt (Tomorrowland, Lollapalooza, Creamfields, Ultra, etc.) an hu schonn Tracks fir Kylie Minogue, The Pussycat Dolls oder David Guetta geschriwwen.

Danny Avila
Mam spueneschen DJ Danny Avila integréieren d'Organisateure vum LOA by Post fir déi éischte Kéier Techno an de Line-Up vun der Mainstage! Stellt iech an op haart Techno-Beats a beschten Underground-Sound. Och duerch seng Produktioune "Sagrada Familia" oder "Azteca" ass hien an der Zeen bekannt.

Sam Feldt
E weideren Highlight gëtt den Optrëtt vum Sam Feldt, deen d'Crowd mat sengen Deep- an Tropical-House-Tracks definitiv zum danze brénge wäert. 2015 hat hie mat "Show Me Love" säi groussen internationalen Duerchbroch, deen him och d'Dier fir déi ganz grouss Festivallen opgemaach huet. Sécherlech kennt dir och säi Radiohit "Post Malone"!

SLVR
Mam italieneschen DJ SLVR steet dëst Joer e ganz jonken an talentéiere Museker op der Mainstage! Hie selwer beschreift seng Musek als eng Mëschung tëschent Bass House, House a UK Garage. Ënnert anerem bréngt hien eis seng aktuell Single "Badder" mat op de Kierchbierg.

JVRDY 
Den däitsche Museker Jvrdy bréngt säin energiegeluedene, kreativen, schnellen a kraaftvolle Sound op d'LOA-Mainstage! Duerch seng éischt Plaz beim DJ-Contest vum Bootshaus a seng Top-20-Platzéierung beim Tomorrowland-DJ-Contests "The Sound of Tomorrow" 2020, krut hien a leschter Zäit vill international Unerkennung.

Local Support
Um Samschden wäerten um LOA by Post awer och nach vill national Kënschtler op der Bün stoen.

The Inferno Stage

Um LOA by Post wäert d'Inferno Stage säi Comeback feieren. Och um Season Closing vun der Festival-Saison um Kierchbierg, kënnt dir also erëm fäinsten Acid, Future, Minimal an Techno genéissen! Op der offizieller zweeter Stage wäerten ënnert anerem Gilles Bock, K.Leo.Patra, Ian Crank an The Alef optrieden.

RTL

Hidden Stage - Rave Cave

Nach e bësse méi haart gëtt et den 8. an 9. September dann op der verstoppter Rave Cave! Hei stinn d'Stiler Basshouse, Dubstep, Riddim an Drum&Bass am Fokus. Um komplett lëtzebuergesche Line-Up stinn zum Beispill Ragner, Freezy, Vorticity an och déi zwee Nimm aus der DJ Competition Edy Horvay a MaXx.

RTL

Virverkafsticketen

Séchert dir hei nach Tickete fir de LOA by Post den 8. & 9. September um Kierchbierg!

Weider Infoen iwwert de LOA by Post fannt dir op loa.lu

Gewënnspill

Schreift iech elo schonn hei an & gewannt eng Koppel Festivalpäss fir de LOA, den EDM Festival zu Letzebuerg!

Fotoe vum LOA Festival 2022

LOA Festival 2021 | Official Aftermovie