
Du hues Loscht op ee méi speziellen Horrorfilm Owend mat vill Spannung an Adrenalin?
Wëllkomm am House of Horrors, dem Event, deen deng Grenzen op d'Prouf stëllt! Dëst eenzegaarteg Spektakel ass exklusiv fir Persounen ab 18 Joer zougänglech a versprécht en Owend voller Spannung an Adrenalin. Taucht an, an eng flott 4D-Kino-Welt, déi mat speziellen Effekter an Iwwerraschungen däin Häerz méi schnell schloe léist. Awer opgepasst: Wéi an enger Geeschterbunn ass de Film streng geheim, a kee weess wat en erwaart. Mä et sech ëm en Zäitlose Klassiker handelt, deen dech an säin Bann zéie wäert. D'Groussbild-LED-Wand bitt déi perfekt Leinwand fir dëst grujelegt Spektakel, an déi speziell Effekter wäerten deng Sënner beandrocken. D'Waassertemperatur am Pool gëtt ëm 2 Grad erhéicht. Et sinn och Sonne-Ligen disponibel, ouni Reservatioun.
Beim Kanner Pool steet eng Pool Bar, hei kann ee Gedrénks mat an ouni Alkohol kafen. Sécherheet huet héchst Prioritéit, dofir ass d'Maximum Kapazitéit op 200 Leit begrenzt.
Dëst Event fënnt Samschdes,21. Oktober 2023 an der Escher Schwemm (Bain Municipaux Esch sur Alzette) statt. An der Entrée muss ee säin Ticket virweisen. Du kanns schonn am Viraus Gedrénks- an Iessbonge kréien an du kriss eng waasserdicht Handy Hus fir em däin Hals, fir datt däi Handy an deng Bongen dréche bleiwen.
Freed iech op en onvergiesslecht Erliefnis an hoffentlech bass du couragéiert genuch, dëst eenzegaartegen Event ze besichen. Nom Film ass d'Pool Bar bis Mëtternuecht op, an du kanns Däin Owend nach mat gudder Musek vun engem vun den DJs ofschléissen. D'Event House of Horrors erwaart dech - trau dech matzemaachen!

© Escher Schemm Les Bains du Parc
Weider Infoe
Ticket Presale: Ticket24.lu
Entrée-Präis: 15€
Vun: 19h30 - 00h00
Adress:
1 Pl. des Sacrifiés 1940-1945
L-4115 Esch-sur-Alzette
Informatiounen iwwert den Event: www.escherschwemm.lu
Event Navigator

De Kevin vun der Organisatioun / © Eldoradio
Lauschtert hei den Interview aus der Sendung:
Gewënnspill
Schreif dech elo hei an & gewann dëse Freiden 2 Entrée Tickete fir d'Escher House of Horrors