
Zënter 30 Joer gëtt et d'Béierfest Hëpperdang elo schonn - an dat gëtt de ganze Weekend gefeiert!
3 Deeg laang gëtt dëse Weekend zu Hëpperdang gefeiert, wann et heescht
30 Joer Béierfest Hëpperdang
Freideg leeft alles ënnert dem Motto "2000er Chartbreaker" vun 22h00 u mam
- DJ Nosi
- DJ Dee
- DJ Flex Diamond
Samschden geet et da weider mat enger "90er Trash-Pop Party" mam
- DJ Killid
- DJ Giant
D'Tickete fir déi 2 Motto-Owender kritt een haut a muer an der Oweskeess fir 7€/Party!
E Sonndeg ass dann nach als Ofschloss vun den 30. Joer Béierfest e Familiefest vun 11h30 un!
- Frühshoppen-Concert vun der Hengischer Musek
- Concert mat der Musek vu Lammersweiler
- Rol Girres & Marion Welter
- Sprangschlass & Sandkëscht fir Kanner
- Ofschlossparty mat SIGMA 7

De Phillippe a Kevin vun der Organisatioun / © Eldoradio
Event Navigator Béierfest Hepperdang ITV
