
Dëse Sonndeg heescht et: "Alles op de Vëlo am Waarkdall"!
D'Gemenge Feelen a Mäerzeg organiséieren dëse Sonndeg am Kader vun der europäescher Mobilitéitswoch an dem "Tour du Duerf" een autofräien Dag mam Fokus op de Vëlo!
Bike4all @ Waarkdall
Mat engem offiziellen Depart um 10h30 kënnt dir zu Nidderfeelen an zu Mäerzeg tëscht 2 Vëlos-Tier entscheeden:
- Pro-Tour vun 9,5 km
- Family-Tour vu 7 km
Mat dobäi um Parcours sinn ënnert anerem de Ralph "Dizzy" Diseviscourt, Laurent & Lex Reichling, Luc Mergen & d'Vintage Boys!
Nieft den 2 Vëlos-Tier ass och fir top Stëmmung an Animatioun gesuergt:
- Test E-Bikes
- Foodtruck, Grill & Drinks
- CGDIS, First Responder & Security First
- FAIRTRADE-Ravitaillement
- Gutt Musek

De Paul, d'Christianne an de Mike vum Bike4All / © Eldoradio
Event Navigator Bike4all ITV
"Bike4all - Alles op de Vëlo am Waarkdall" - dëse Sonndeg vun 10h00 un!