Och 2020 ginn d'Inten nees un de Start fir sech eng spannend Course ze liwwren.

Duck Race fält 2020 net an d'Waasser. Och wann d'Event dëst Joer e bëssen anescht ofleeft, déi schnellsten Int gëtt natierlech och fir déi 19. Editioun gesicht.

D'Table Ronde Luxembourg an Eldoradio präsentéieren: Duck Race "Digital Edition".
Fir datt dir d'Course suivéiere kënnt, och wann der net op d'Platz selwer kënnt goen, kënnt den Duck Race 2020 bei Iech heem.
Samschdes den 3. Oktober 2020  live an de sozialen Netzwierker!

Huelt och dir deel, kaaft Iech nach séier hei är Int, a gewannt mat Chance en Auto!
Den Erléis ass fir de gudden Zweck.

All d'Infoe ronderëm den Duck Race fannt dir op de sozialen Netzwierker an hei!

Eldo-Fotoen vun der leschter Editioun:

Lescht Editiounen: