D'Fuesend 2021 fällt net aus! Zesumme mat iech verbreed Eldoradio Fuesstëmmung am Eldoland!

Gecken a Fuesboken opgepasst! Dëse Weekend ass Fuesweekend a mir verkleeden eis!
Schmäisst iech an äre Fueskostüm a suergt fir Fuesstëmmung am Eldoland.

Dir verkleed iech gär als Clown, Pirat oder Däiwel?
Weist eis är schéinsten a geckegste Verkleedung.

Egal ob um Büro, am Home Hoffice, wann dir akafe gitt oder doheem beim Botzen. 

Gitt kreativ, maacht dëse Weekend eng Foto a schéckt eis se eran per Whats App op de 691 947 577.

Zesumme mat iech verbreede mir Fuesstëmmung am Eldoland.