Dëse Sonndeg feiert Eldoradio mat iech de MEGA SONNDEN!

Wa Fuessonndeg a Vältesdag openee falen, da muss dat grouss gefeiert ginn!
Eldoradio suergt dëse Sonndeg fir déi passend Stëmmung bei iech doheem.

Fuessendung mam Chris & DJ AL

Lass geet et um 14 Auer. De Chris suergt zesumme mam DJ AL live aus dem Eldo-Studio fir déi perfekt Fues-Stëmmung bei iech doheem. 4 Stonne gefëllt mat Lidder fir mat ze sangen, mat ze schaukelen a mat ze danzen.

Dëse Sonndeg vu 14 bis 18 Auer mam Chris a mam DJ AL.

RTL

Love Night mam Catherine & Dani

No der Fuesent gëtt et romantesch. Ab 18 Auer dréint sech beim Catherine a beim Dani alles just ëm ee grousst Thema: d'Léift. Wie lo mengt, et géing schnulzeg ginn, deen iert sech gewalteg. D'Catherine an den Dani suergen dofir, dass äre Vältesdag alles anescht ewéi langweileg gëtt a fëllen d'Love Night mat witzege Geschichten, skurrillen Anekdoten a spannenden Themen.

Dëse Sonndeg vun 18 bis 22 Auer mam Catherine a mam Dani.

RTL