Dëse Sonnden ass Bretzelsonndeg! Dir kennt eng Single-Fra, déi dëst Joer eleng ass an trotzdem eng Bretzel verdéngt huet? Da mellt se elo schonn un!

RTL

Der Traditioun no, kréien d’Fraen dëst Joer vun hirem Partner eng Bretzel geschenkt.

Duerch d'Pandemie sëtze grad vill Leit eleng doheem, mee Eldoradio denkt um Bretzelsonndeg och un d'Single-Fraen.

Dir kennt eng Single-Fra, déi dëst Joer eleng ass an trotzdeem eng Bretzel verdéngt huet a wëllt hier eng Freed maachen?

Da mellt se elo schonn un a mat Chance iwwerrasche mir déi Persoun dëse Freideg mat enger XXL-Bretzel.

Wéi eng Single-Fra huet ärer Meenung no eng Bretzel verdéngt?

Mellt hei eng Single-Fra un, déi onbedéngt eng Bretzel kréie soll

Mat Chance gewënnt si dëse Freideg eng XXL-Bretzel vun Eldoradio!