Mega Bock op Backstreet Boys, Vengaboys an Ace Of Base & Co.? Da lauschtert dëse Méindeg vun 13h00 un Eldoradio!

Jidderee vun eis huet e richteg peinleche Liblingssong! A genee déi spille mir dëse Méindeg tëscht 13h00 a 17h00!

D'Eldo Trash Show um Ouschterméindeg

Op Ouschterméindeg erfëllen de Chris & den Dani, eis Bad-Taste-Experten, är schlëmmst Musekswënsch op Eldoradio!

Déi schlëmmste Songs fir matzesangen, ofzedanzen an auszeflippen!

Schéckt äre schlëmmste Wonsch dëse Méindeg tëscht 13h00 a 17h00 per gratis SMS op de 60336, per Facebook oder WhatsApp (+352 691 947 577).

Trash Show - déi Radio-Show, an där alles erlaabt ass!