Et ass Ouschterweekend an d'Eldoland war op Eeërsich. Mir hunn e Freideg an all Sendung en eenzegaartegt a prall-gefëlltend Ee verspillt!

Ouschtereeër fierwen, am Gaart verstoppen, sech op d'Sich no de Gackelcher maachen... Wie freet sech net op Ouschteren?

Fir déi Virfreed nach ze verstärken huet Eldoradio sech eppes Extras afale gelooss an e Freideg iwwert de ganzen Dag Ouschtereeër verspillt. Awer net einfach nëmmen Eeër... Nee! Mir hunn déi décksten, eenzegaartechst Eeër aus dem ganzen Eldoland verspillt mat lauter gudde Schneekegkeeten gefëllt.

3 Sendungen - 3 Männer - 3 Ouschtereeër

Ma wien hat déi décksten a schéinsten Eeër? De Charel aus der Morningshow, de Max aus dem Gudde Moien, Mëtteg an de Chris aus dem labbere Feierowend hu sech géigensäiteg erausgefuedert an hier Eeeër verspillt.

Dat éischt Ee gouf et an der Morningshow beim Charel an Chich!

RTL

© Eldoradio

RTL

D'Aurélie huet dem Charel säin Morningshow-Ouschteree gewonnen.

An duerno huet d'Mira dem Max säi selwer gemoltenen Ee am Gudde Moien, Mëtteg verspillt.

RTL

RTL

D'Lis huet dem Max säin Ouschteree am Gudde Moien, Mëtteg gewonnen.

Schlussendlech haten d'Nolauschterer nach beim Chris am labbere Feierowend eng 3. a lescht Chance op en eenzegaartegt, prall gefëlltend Ouschteree.

RTL

RTL

D'Corinne huet dem Chris säin Ouschteree am Labbere Feierowend gewonnen.

Dat ganzt Eldo-Team wënscht Iech elo scho schéin Ouschteren.

Spread eggs, not the virus!