Einfach mol den Alldag vergiessen an alles eraus danzen? Haut ass de richtegen Dag dofir!

Ob zu Lëtzebuerg, a China oder a Brasilien - gedanzt gëtt iwwerall op der Welt, an haut ganz besonnesch. De Weltdag vum Danzen ass zréck ze feieren op de Gebuertsdag vum Jean-Georges Noverre, dem Grënner vu modernem Ballet. Gefeiert gëtt den Dag an deem een danzt an hei ass et egal ob Ballet, Salsa, Hip-Hop oder einfach nëmmen drop lass!

Wärend an engem Danzcours d'Choreo an d'Schrëtt zielen, ass et um Weltdanzdag einfach nëmme wichteg sech um Danzen ze erfreeën an esou d'Mënsche mat der universeller Sprooch vum Danz méi no beieneen ze bréngen (an Zäite wéi dësen, natierlech nëmme symbolesch).

Danzen deet eis nämlech gutt a vereent Beweegung, Musek an trainéiert d'Gehier, wéi kaum eng aner Sportaart. Wien danzt brauch Konzentratioun, Koordinatioun an e bësse Rhythmus am Kickes kann och net schueden. Ganz niewebäi mécht Danzen awer virun allem eppes: Glécklech! Oder hutt dir scho mol granzeg gedanzt? Probéiert et mol, dréint d'Musek op a beweegt iech drop. Dir wäert séier mierke wéi är Laun wärend dëser Aktivitéit an d'Luucht geet. Dofir gëtt haut de ganzen Dag um Eldo d'Danzen zelebréiert an den Alldag mat all senge Problemer fir e puer Sekonnen, Minutten oder och Stonnen einfach fortgedanzt.

Am Eldo-Test: Prima-Ballerina fir een Dag!

Am Kader vum Weltdanzdag mussen déi 3 Animateure vum Donneschdeg sech enger Challenge stellen: Ballet! Mat der Hëllef vum Vanessa Rosas léieren eis Animateure Begrëffer wéi "Piqué", "Pirouette" a "Chassé", an dat net just an der Theorie!

Charel - "Et kraacht alles!"

RTL

Sport ass schonn net sou mäint. Danzen nach manner. An dann nach Ballet?

Mee hey, ech sinn awer oppe fir nei Saachen, also maachen ech mech gäre kuerz zum Depp. Dofir hunn ech mech top op de Cours virbereet... nämlech guer net... ok ech hat net mol Sportkleeder a Sportschong dobäi... Mee d'Material ass jo ëmmer just sou gutt wéi deen deen et unhuet?

Wéi de Cours lassgoung huet eis Trainerin d'Vanessa direkt mol vum Spagat geschwat.... Do krut ech et scho mat der Angscht ze dinn. Gott sei Dank war dat just e Witz. Mir hunn ganz lues mat de Basics ugefaangen, an et huet souguer richteg Spaass gemaach. Ech si wierklech net beweeglech an hunn absolut keen Talent. Dat hunn ech och séier gemierkt, wéi ech no guer net mol esou laanger Zäit meng Muskele scho gespuert hunn, et iwwerall a mir gekraacht huet, a mäin Kapp einfach iwwerfuerdert war, mat den eenzele Beweegungen, der Koordinatioun, an der Haltung. Jiddefalls hunn de Massimo an ech bewisen datt Ballet net ëmmer eppes mat engem elegante Schwan ze dinn hunn. Dat eenzegt ob dat ech opgepasst hunn, oder et probéiert hunn, war déi ganzen Zäit de Kierper ze strecken. Ech kennen zwar näischt vun danzen, just datt d'Haltung wichteg ass.

Fazit: Et huet wierklech Spaass gemaach. Mee no knapps enger Stonn gëtt ee jo net zu engem Profi.... Villäicht ass de Massimo an d'Catherine motivéiert mat mir an e Cours ze goen? Well mäin Éiergäiz gouf entfacht.

Catherine - "mir sinn elegant Gromperen"

RTL

Ganz onerfueren a punkto Danzen sinn ech net, dat muss ech zouginn. Ma Ballet hunn ech ni gemaach, also net wierklech. Als Kand war ech an ee Cours an du war kloer, dat ass näischt fir mech. Ze streng, ze roueg an ech danzen do einfach ze vill aus der Rei. Dofir gouf ech dunn an den Jazz geschéckt, spéider koum HipHop, Bauchdanz a Latino dobäi. An déi Erfarungen hu mer et méi einfach gemaach d'Schrëtt, déi mer am Balletscours gewise krute séier ze bekäppen.

Ma nëmme well d'Schrëtt klappen, heescht dat net, dass et gutt ausgesäit. Ech hu gemierkt, Ballet brauch Kierperspannung a Konzentratioun, an un där muss ech wuel nach bësse feile fir mäi "Piqué" ze perfektionéieren an net permanent op meng eege Féiss ze kucken. Ech sinn awer drun a wäert esou laang u menger klenger Pirouette schaffe bis ech als Ballerina duerchginn (wann och just mat engem eenzege Move).

Spaass gemaach huet de Cours mam Vanessa op alle Fall an ech hat net geduecht, dass déi aner Zwee sech esou gutt géife schloen! Wie weess villäicht grënne mer lo einfach eis eege kleng Eldo-Dance-Crew.

Massimo - "da falen ech ëm"

RTL

Danzen? Ech? Mat engem professionelle Proff? An dann och nach Ballet?

Oh Mäi Gott!!! Dat war meng éischt Reaktioun wéi ech dat an der Redaktioun héieren hunn - an do sinn ech ganz éierlech.

Sinn ech dach éischter sou de klassesche Kopfnicker, deen am Club déi eng Hand an der Täsch an déi aner ronderëm d'Gedrénks huet. Béis Zongen (déi beim Dréi iwwregens am Hannergrond geschafft hunn) behaapten esouguer, ech wier méi steif wéi e Plateau aus der Kantin.

Ma Hey - spontan sinn ech a fir all Spaass ze hunn souwisou - also Why Not? Let's Go For It! Get bestëmmt witzeg.

Sou motivéiert ech och war, ginn ech zou, dass ech mir sécher war, dass ech mat Ofstand déi schlechste Figur géif maachen (Obwuel Jiddereen do éischter op de Charel getippt hat). Gottseidank hunn ech nach eng einfach Positioun ze maache kritt. Déi huet am Ufank och relativ gutt geklappt. Dono zwar net méi esou mee Haaptsaach wéinstens ë bëssi Talent bewisen.

Am Coolste war awer d'Choreographie, déi mir zu véier gemaach hunn. Obwuel ech nach ëmmer net verstanen hunn firwat ee Mouvement "Delfin" geheescht huet. Ech hätt erwaart, dass ech hei eng wesentlech méi schlecht Figur géif maachen. Ma Hey - Up to you to judge.

Fazit : Dass et mir esouvill Spaass géif maachen, hätt ech net erwaart. Cool Erfarung a Merci un de Proff fir déi ganz Gedold....Kick - Ball - Change....wäert ech mir fir mäin nächsten Disco-Besuch no Corona definitiv verhalen!

Den Danz-Alarm am Gudde Moien, Mëtteg!

EGAL wou der grad sidd an EGAL wat der grad maacht, wann d'Catherine den Danz-Alarm dréckt dann heescht et alles stoen ze loossen an drop lass ze danzen!

WICHTEG beim Danz Alarm: et ass egal wéi et ausgesäit, Haaptsaach dir hutt Spaass a kënnt emol alles eraus danze wat iech um Häerze läit!

Dir kënnt och gären eng Story vun iech maachen an eis drop markéiere fir d'Stëmmung am ganzen Eldoland ze verbreeden.  @Eldoradio_lux - Maacht mat a loosst eis dat ganzt Eldoland haut un d'Danze bréngen!

Mir wënschen e schéine Weltdag vum Danzen, gitt alles, dass der prett sitt fir dee Moment, op deem d'Dancefloor nees op ginn!