Den 13. Mee ass de Welt-Cocktail-Dag. Fir dass dir um Feierdag e gudde Cocktail genéisse kënnt, huet Eldoradio haut schonn eppes Klenges preparéiert...

De Welt-Cocktail-Dag fält zeréck op déi éischt publizéiert Definitioun vun engem Cocktail am Joer 1806. Praktescherweis fält den 13. Mee dëst Joer op e Feierdag. Wat gëtt et do méi Schéines, wéi et sech op engem fräien Dag doheem gutt goen ze loossen a sech mat engem leckere Cocktail e bësse Vakanzefeeling an d'Stuff oder op d'Terrasse ze zauberen.

De Welt-Cocktail-Dag schwätzt fir sech: Gënnt iech e klenge Cocktail.  

Bei dausende vu Rezepter kann een emol den Iwwerbléck verléieren. Dofir huele mir iech déi Aarbecht of an hunn e klenge Choix getraff. Mir testen haut: 1 klassesche Cocktail, 1 moderne Cocktail an 1 Cocktail ouni Alkohol.

Kuckt iech hei d'Rezepter an d'Fotoen un. Vill Spaass beim Nomaachen a Genéissen.

Pina Colada - de Klassiker

RTL

De Rum, den Ananasjus, d'Kokosnosscrème, d'Ram an d'Äiswierfel gutt shaken an an e Glas schëdden. Mat Ananasscheif, Cocktailkiischt an Ananasbliedchen dekoréieren.

Raspberry Thyme Smash - e moderne Cocktail fir d'Frënn vum Gin a fir déi, déi et nach wëlle ginn

RTL

D'Hammbieren an den Thymian gutt zerdrätschen, déi aner Saachen derbäi maachen, anstänneg shaken. An engem Glas mat Äiswierfel, frëschen Hammbieren an Thymian zerwéieren.

Waassermeloun "nojitos" - et geet och ouni Alkohol

RTL

1 Taass Kristallzocker mat 1 Taass Waasser an enger klenger Pan bei mëttler Hëtzt wiermen a wärend 5 Minutten dra réieren, oder bis den Zocker sech opgeléist huet. Dann d'Kachplack erop dréinen. Dat ganzt 5 Minutte kache loossen ouni dran ze réieren. Vun der Plack erof huelen a komplett ofkille loossen.
D'Waassermeloun püréieren. D'Spruddelwaasser, de Limettejus an de kalen Zockersirop domat vermëschen. D'Menthe dobäi maachen. Op engem Tellerchen 1 Iessläffel Zocker mat der geriwwener Limetteschuel vermëschen. De Bord vum Glas an eng Schossel Waasser zappen an duerno an den Zocker-Limette-Mix zappen. D'Äiswierfel an d'Glas maachen, de Waassermelounemix dran zerwéieren.