Bis den 11. Juli gëtt et just nach een Thema: Fussball! Fir erauszefannen, wien Europameeschter gëtt, stellt Eldoradio sech un de Kickerdësch.

D'Europameeschterschaft sollt eigentlech schonn d'lescht Joer sinn. Aus allgemeng bekannten Ëmstänn gëtt dann awer eréischt dëst Joer ëm de groussen Titel gespillt. Vum 11. Juni bis den 11. Juli battle sech déi beschten Nationalekippen aus ganz Europa a spillen ëm den EM-Titel.

Den Eldo EM-Orakel

Egal ob Elefant, Kanéngchen oder Oktopus... Orakele ginn et wéi Sand um Mier. Fir erauszefannen, wien dëst Joer de groussen Tournoi gewënnt, hëlt Eldoradio keen Déier an de Studio. Nee! Op Eldoradio gëtt gekickert!

D'Eldo-Animateure picke sech Matcher raus, vertrieden hir Liblingsekipp a kickere géint eneen.

Wéi kënnt dir matmaachen?

Dir wësst, wien de Kickermatch vum Dag gewanne wäert?

Da schéckt eng SMS op de 62456 (0,50€/SMS) mam Code KICKER + den Numm vum Animateur, deen ärer Meenung no de Kickermatch gewënnt a mat Chance gewannt dir en Eldo EM-Package mat Gedrénks a Snacks, fir den nächste Fussballowend sou richteg ze genéissen.

17. Kickermatch: England géint Italien

RTL

16. Kickermatch: England géint Dänemark

RTL

15. Kickermatch: Italien géint Spuenien

RTL

14. Kickermatch: Ukrain géint England

RTL

13. Kickermatch: Spuenien géint Schwäiz

RTL

12. Kickermatch: England géint Däitschland

RTL

11. Kickermatch: Kroatien géint Spuenien

RTL

10. Kickermatch: Italien géint Éisträich

RTL

9. Kickermatch: Portugal géint Frankräich

RTL

8. Kickermatch: Portugal géint Däitschland

RTL

7. Kickermatch: England géint Schottland

RTL

6. Kickermatch: Éisträich géint Holland

RTL

5. Kickermatch: Italien géint Schwäiz

RTL

4. Kickermatch: Däitschland géint Frankräich

RTL

3. Kickermatch: Schweden géint Spuenien

RTL

2. Kickermatch: Belsch géint Russland

RTL

1. Kickermatch: Tierkei géint Italien

RTL