Wärend 3 Weekender fiert de Picadilly-Bus mat de Miseler Wäiner duerch d'Land!

Ganz nom Motto "Dir kënnt dit Joar net op Briedmes kommen, mee da komme mir bei Iech" gëtt et dëst Joer eng Picadilly "Special Edition"!

Picadilly on Tour - Musel meets Luxembourg
De Weekend vum 24. - 25. Juli, vum 31. Juli - 1. August an de 7. August fiert de Picadilly-Bus uechtert d'Land! Op All Statioun ginn et:

  • Lëtzebuerger Wäiner, Cremanten a Picadilly ze schmaachen a kafen
  • Burger vum Foodrider
  • Gewënnspiller

Kaaft iech är Picadilly-Fläsch, Cremant oder Wäiner op de Statiounen a loosst iech e bei iech Doheem schmaachen.

RTL

© Picadilly

Spillt hei mat a gewannt äre Picadilly-Package!

D'Iwwersiicht vum Picadilly-Tour:

  • 24. Juli: Käerjeng, Péiteng, Beetebuerg, Schengen
  • 25. Juli: Housen, Wooltz, Préizerdaul, Miersch
  • 31. Juli: Hesper, Walfer, Bartreng, Rouspert
  • 1. August: Gréiwemaacher, Klengbetten, Mënsbech, Sandweiler
  • 7. August: Stadtbredimus

De komplette Planning mat den Uertschaften an Auerzäite fannt dir hei!

Déi 3 Weekender gefëllt mat gudde Wäiner, Foodtrucks & flotte Gewënnspiller!

© Picadilly