Mega Méinden goes Fun um Glacis! Gewannt haut de ganzen Dag Carnete fir de Fun um Glacis.

De Fun um Glacis ass all Dag vun 11 bis 23 Auer op. Nach bis den 12. September kënnt dir vu villen Attraktiounen a Spiller profitéieren oder iech am gastronomesche Beräich leckere Fouerkascht schmaache loossen.

Haut heescht et de ganzen Dag: Eldoradio lauschteren, matmaachen a gewannen! Well haut kënnt dir an all Sendung Carnete fir de Fun um Glacis gewannen.

Eng weider Chance hutt dir och op Facebook an op Instagram.

Vun 11 Auer u bréngt den Dani iech duerch de Gudde Moie, Mëtteg live vum Glacis.
Wann dir also haut um Glacis sidd, gitt roueg bis bei de Kessel kucken.
Beim Dani kënnt dir och villäicht nach e Carnet gewannen. ;)

Liest hei: Wat kascht d'Iessen an d'Gedrénks dëst Joer um Fun um Glacis?

Liest hei: Wat kaschten déi eenzel Spiller dëst Joer um Fun um Glacis?